Wat ass e Jugendservice?

Diversitéit vun der Offer.

Am Beräich vun der non-formaler Bildung an der Jugendaarbecht ginn et nieft de Jugendhaiser och aner Servicer an Ariichtungen déi mat oder fir Jugendlecher schaffen. D'Diversitéit vun der Offer vun de Jugendservicer reecht vun der Duerchféierung vu Projeten an Aktivitéiten, der Organisatioun vu Formatiounen, der Informatiounsaarbecht bis hin zur politescher Bildung, Berodung an individueller Hëllef an Ënnerstëtzung fir Jonker.

Orientéierung un de Besoine vu Jonken.

.

D'Stäerkt vun der Jugendaarbecht läit am Fokus op d'Besoine vun de Jonken. Wat de Public cible ubelaangt, ginn et vill Weeër fir déi viséiert Ziler z'erreechen: Jugendservicer kënnen hir Aktivitéiten direkt mat de Jugendlechen duerchféieren, mee si kënnen awer och indirekt Jonker stäerken, andeems se op Erwuessener oder aner Organisatiounen awierken.

Qualitéit vun der pedagogescher Aarbecht.

Onofhängeg vun hirer Approche, droen déi eenzel Organisatiounen alleguer zu den Ziler vun der non-formaler Bildung am Beräich vun der Jugendaarbecht bäi, déi am nationale Rahmenplan virgesi sinn. Trotz der ganzer inhaltlecher Diversitéit vun der Aarbecht vun den Organisatiounen hunn si gemeinsam Ziler an och eng gemeinsam pedagogesch Orientéierung a professionell Haltung.

Fannt hei national Jugendservicer, Jugendorganisatiounen a Verbänn: